Interview mam Dr. Danielle Schronen, Dr. Sabrina Goebel, Andreas Heinen

Den OEJQS (Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire) huet rezent e Rapport iwwert d’non-formal Bildungsstrukturen zu Lëtzebuerg publizéiert. De Bericht sträicht déi staark Entwécklung vum Secteur an de leschten 20 Joer ervir a stellt déi wichtegst Erausfuerderungen duer, deenen de Secteur momentan géintiwwer steet. Mir hunn d’Auteure gefrot, wat dës Erausfuerderunge ausmécht a wéi eng Recommandatiounen aus dem Rapport ervirginn.

Den OEJQS huet rezent säi Rapport iwwert d’SEA-Strukturen zu Lëtzebuerg publizéiert. Wourëms geet et genee an dësem Rapport?

De Rapport weist wéi den zweete Pilier vum Lëtzebuerger Bildungssystem déi lescht 20 Joer immens gewuess ass a wat fir eng Erausfuerderungen a Perspektiven déi non-formal Bildung begéint. Et geet dobäi besonnesch ëm d’SEA-Strukturen, déi bei wäitem de gréissten Undeel u Plaze fir Kanner duerstellen.

Un d’Rulle koum dat Ganzt 2005 mat dem Reglement iwwer d’maisons relais an e puer Joer duerno, 2009, mat dem chèque-service accueil (CSA). Europawäit ass et drëms gaangen, méi Fraen an den Aarbechtsprozess ze bréngen a méi Kanner sollte vu klengem u besser an hirer Entwécklung gefërdert ginn. Lëtzebuerg huet doropshin den Domaine vun der non-formaler Bildung geschaf, dee genee wéi d’Schoul de Statut vun engem Service Public kritt huet. Den Optrag, d’Finanzéierung an d’Qualitéit sinn iwwer verschidden Texter gereegelt ginn, besonnesch iwwer d’Assurance-Qualité déi an d’Jugendgesetz integréiert gouf.

De Rapport geet drop an, wéi d’Verännerungen duerch dësen Ausbau sech op den Aarbechtskader, d’Strukturen an d’Vernetzungsprozesser ausgewierkt hunn an et gëtt och gekuckt, wéi déi Lëtzebuerger Bildungslandschaft am internationale Verglach do steet: Wou si grouss Erausfuerderungen, déi mir mat eisen Nopeschlänner deelen a wou gëtt et national Spezifizitéiten, déi och national Léisunge brauchen? Duerno gëtt drop agaangen, wéi eng Perspektiven sech doraus fir d’Weiderentwécklung vun där non-formaler Bildung erginn.

Wat sinn déi wichtegst Erkenntnisser, déi aus dem Rapport ervirginn?

Déi wichtegst Erausfuerderungen, déi vun der Fuerschung, der Politik an der Praxis genannt goufen, loossen sech a follgend Themeberäicher anuerdnen: den Ëmgang mat Heterogenitéit, d’Vereenbarkeet vu gesellschaftspoliteschen a bildungspoliteschen Ziler, d’Koordinatioun an d’Gouvernance, d’Professionaliséierung an d’Qualifikatioun vum Personal a schliisslech d’Daten an de Monitoring. De Rapport bezitt sech do op wëssenschaftlech Texter, déi d’national Situatioun analyséiert hunn awer och op d’Resultater vun engem Atelier, wou Leit aus Fuerschung, Politik a Praxis sech mam OEJQS getraff hunn a sech mat hirer fachlecher Expertise an Erfarung konnten abréngen.

An de meeschten europäesche Länner hëlt d’Heterogenitéit vun den Awunner zou. Zu Lëtzebuerg ass dës Entwécklung awer besonnesch ausgepräägt – net nëmmen ënnert de Kanner, mee och beim pädagogesche Personal. D’Ekippe stinn dowéinst am Alldag virun der Erausfuerderung, déi individuell Fërderung vu ganz ënnerschiddleche Kanner mat dem Opbau vu Gemeinschaft ënner de Kanner an Aklang ze bréngen. Dat gëtt dann nach erschwéiert, well d’Mataarbechter selwer ganz verschidde Qualifikatiounsprofiller hunn an dofir och Begleedung a Formatioune brauchen, fir eng gemeinsam Basis ze schafen, op där déi deeglech Erausfuerderunge kënnen ugaange ginn.

De Rapport sträicht ervir, datt déi europäesch politesch Ziler sech net sou einfach ëmsetze loossen, wéi dat ufanks geduecht war. D’Interessen vu Wirtschafts-, Bildungs- a Sozialpolitik loossen sech net einfach duerch méi Plaze fir Kanner vereenen. Dëst Ongläichgewiicht aus verschiddenen Erwaardunge wierkt sech op den Alldag vun de Kanner an hire Familljen an och dem pädagogesche Personal aus, déi an hirer professioneller Praxis villen Erwaardunge gerecht musse ginn.

Zousätzlech hunn sech ganz verschidden Trägerstrukturen eraus gebilt, wou et Ënnerscheeder z. B. um Niveau vun der Organisatiounsform, de pädagogesche Konzepter oder den Aarbechtsbedéngunge gëtt. Dës Ongläichheeten an dobäi nach de Manktem u Personal féieren zu vill Wiessel an de Strukturen, deen sech negativ op d’Bezéiung tësche Kanner a Personal an domat op eng kandzentréiert Aarbecht auswierkt.

Ee weidere wichtegen Thema ass d’Vernetzung vun der formaler an der non-formaler Bildung an d’Zesummenaarbecht iwwer déi institutionell Grenzen ewech. De Manktem u Synergien mécht d’Transitioune fir Kanner an hir Familljen dacks schwéier. Zu gudder Lescht geet et ëm de Manktem u fiabelen Donnéeën iwwer de System. Si gi gebraucht fir d’Situatioun besser ze verstoen a bewäerten ze kënnen. Dorënner falen och déi Informatiounen, déi eis weisen, ob dat laangfristegt Zil vu méi Chancëgläichheet fir Kanner erreecht ka ginn. Well dofir eng héich Qualitéit virausgesat ass, ass et ëmsou méi wichteg, dës Qualitéit systematesch ze ënnersichen.

Wéi eng Perspektiven oder Handlungsfelder erginn sech dorauser fir d’Weiderentwécklung vum non-formale Bildungsberäich?

Et ginn direkt e puer Handlungsfelder, zu deenen den Observatoire Recommandatiounen ausgeschwat huet. Dräi dovunner wëlle mir hei virstellen.

(1) Fir ze wësse, wéi et weider goe soll, muss een als éischt wësse, wou ee steet. Dofir brauch een reegelméisseg Informatiounen iwwer déi aktuell Qualitéit vun der non-formaler Bildung – also e Monitoring. Et mussen qualitativ a quantitativ Erhiewunge gemaach ginn, awer och Analyse vun Donnéeën, déi schonn an de verschiddenen Administratiounen disponibel sinn. Et gëllt och der Fro nozegoen, wat Kanner brauchen an hir Perspektiv ze erfuerschen.

(2) D’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Bildungsakteuren soll weiderentwéckelt ginn. Dofir ass et wichteg, datt dat pädagogescht Personal aus der Grondschoul an den SEA-Ariichtunge sech besser kenneléiert an ee gemeinsaamt pädagogescht Verständnis entwéckelt. Konkret kéinten op der Uni gemeinsam Couren fir spéider Enseignanten an Educateuren ugebuede ginn. Doriwwer eraus ass generell d’Zesummenaarbecht vun Elteren, SEA-Ariichtungen, Dageselteren, de Grondschoulen, Eltereforen a lokale Gemeinschaften indispensabel fir d’Zougehéieregkeetsgefill an d’Partizipatioun vu Kanner a Familljen an engem komplexe gesellschaftlechen Ëmfeld ze stäerken.

(3) D’Ausbildung an d’formation continue vum Personal ass essentiel fir d’Weiderentwécklung vum Secteur. Net nëmme fir d’Qualitéit ze sécheren, ma och fir dem Manktem u Personal am Secteur ze begéinen. Interdisziplinär an intrasektoriell Formatiounen an e systemateschen an eenheetlechen Onboarding-Programm kéinten dozou bäidroen. Domat géif virun allem neit Personal eng eenheetlech Aféierung an d’Konzepter vun der non-formaler Bildung kréien, awer och déi lokal Spezifizitéite vun der jeeweileger Ariichtung mat hire Kanner an hirem Ëmfeld –  kenneléieren.

De Rapport fannt dir um Site vum Observatoire ënner https://www.oejqs.lu/de/publication/themenbericht-sea-strukturen-herausforderungen-und-perspektiven-der-non-formalen-bildung/